Aller au contenu
Salons10
Priscilla Hair-Lounge

Priscilla Hair-Lounge

54, Rue Principale, Hagen Salon de coiffure

" La qualité professionnelle pour vous "
(Schwarzkopf)

16/10/2026

COMPLET!!!! Wien ass dann spontan dir muer samsden!!!! 17.10🩷💈💇🏻‍♂️💆🏻‍♂️

14/10/2026

✨ WHAT’S COMING NEXT? ✨

Hutt dir schonn eng Iddi, wat sech hei verstoppt? 👀

Et gëtt flauscheg, et gëtt gemittlech … an et gëtt definitiv eppes ganz Besonnesches! 😍

Mir verroden nach net ze vill, mee eent ass sécher: Eppes Neies ass amgaang ze entstoen! 🩷

Also, wat mengt dir, wat dat kéint sinn? 🤔

Loosst är Iddien an de Kommentaren! 👇😜

STAY TUNED…

#

07/10/2026

👀 Hmmmm… wat kéint DAT wuel sinn?
E klengen Detail… vun eppes GANZ Neiem 🤩
Méi verrode mir nach net…
Mee et gëtt gemittlech, et gëtt speziell ☺️🩷

Bleift gespaant 🤫
Coming soon ✨

04/10/2026

Schéinen Pappendag un all d’Pappen! 🩷

Haut wëlle mir all deene wonnerbare Pappen Merci soen , fir hir Léift, hir Gedold, hir Kraaft an all déi kleng a grouss Momenter, an deenen si einfach do sinn. 🥰

Genéisst dëse speziellen Dag mat äre Léifsten a loosst Iech haut emol richteg verwinnen. ✨

Mir wënschen Iech vun Häerzen e ganz schéinen a gemittleche Pappendag! 🤠🩷

Priscilla Hair-Lounge ✂️🩷

25/09/2026

✨ Une nouvelle aventure commence chez Priscilla Hair-Lounge ✨

Les prochaines semaines s’annoncent riches en changements, en nouveautés et en belles surprises.

Notre salon va s’agrandir, tout comme notre équipe, afin de continuer à vous accueillir dans les meilleures conditions et de vous offrir toujours plus.

Et aujourd’hui, j’ai également l’immense plaisir de vous annoncer une nouvelle qui me tient particulièrement à cœur.
Pauline devient notre Manager de Salon Adjointe 🥰

Je suis tellement heureuse et reconnaissante d’avoir à mes côtés une personne aussi bienveillante, compétente, passionnée et digne de confiance. Je sais que nous partageons les mêmes valeurs et la même envie de faire évoluer notre salon tout en gardant ce qui fait son âme…la proximité, la passion et l’amour de notre métier. 🩷

Je me réjouis énormément de vivre cette nouvelle aventure avec elle, avec notre équipe et bien sûr avec vous.

Chères clientes, restez connectées…
Les prochaines semaines vont être passionnantes et pleines de nouveautés. ✨
Vous pouvez être curieuses… Priscilla Hair-Lounge évolue, grandit, mais reste toujours fidèle à son cœur. 💕

À très bientôt pour la suite… 🥰
Priscilla💜

09/09/2026

Mir sichen Verstäerkung! ✂️

Fir eist Team bei Priscilla Hair-Lounge ze verstäerken, si mir aktuell op der Sich no enger Coiffeuse / Coiffeur op Deelzäit. ✂️✨

Eise Salon ass an der Gemeng Stengefort.

All weider Informatiounen iwwer d’Plaz fannt Dir an der Annonce hei drënner. 😊

👉 Dir kennt een, deen interesséiert kéint sinn oder gutt an eist Team géif passen?
Da géife mir eis immens freeën, wann Dir eis Annonce weiderdeelt oder der Persoun eis Kontaktdonnéeë weidergitt. 🙏

All Deelen hëlleft eis a mir soen Iech schonn elo e ganz grousse MERCI fir Är Ënnerstëtzung! 🩷

✂️ Priscilla Hair-Lounge
📍 54, rue Principale
L-8365 Hagen
📧 [email protected]

20/08/2026

15/08/2026

09/08/2026

09/08/2026

🩷 E puer Wieder un meng léif Clientèle, Frënn🫶🏻

Heiansdo mierkt een eréischt an de Momenter, wou een net alles esou maache kann, wéi een et gewinnt ass, wéi wäertvoll d’Mënsche ronderëm een sinn. 🥹

An dofir wëll ech iech haut einfach MERCI soen.
E Merci, deen eigentlech vill ze kleng ass fir dat, wat ech fillen. ❤️

Merci fir är Gedold, fir äert Verständnis, fir all déi léif Messagen an all déi Gedanken, déi mech erreecht hunn an där Zäit, wou ech net am Salon konnt sinn.

Et huet mech onheemlech beréiert ze wëssen, dass verschidde vun iech méintlaang net bei de Coiffeur gaange sinn, well dir op mech gewaart hutt. Anerer hunn laang op hiren Rendez-vous gewaart, ouni Drock ze maachen oder sech ze beschwéieren.

Ech kann iech guer net soen, wat dat fir mech bedeit huet. 🥹🩷

An dunn, dee Moment, wou ech erëm duerch d’Dier vum Salon gaange sinn an dee sou häerzlechen Empfang vun iech krut, emmer an emmer erem 🥹
Dat war an sin nach emmer Momenter déi ech nie vergiessen wäert. ❤️

Erëm do ze sinn
Erëm d’Schéier an der Hand ze hunn ✂️
Erëm mat iech ze schwätzen, ze laachen, Geschichten ze deelen
an iech erëm dierfen ze coifféieren 💇‍♀️

Do hunn ech nach eng Kéier gemierkt, firwat ech dëse Beruff esou gär hunn. ❤️

Well e Salon ass net nëmmen e Raum mat Spigelen, Still a Schéier.

Et sinn d’Mënschen, déi en zu deem maachen, wat et ass. 🩷

An dir hutt mäi Salon an där Zäit mat ärem Verständnis, ärem Vertrauen an ärem Häerz gefëllt.

Ech si frou, dankbar a virun allem onheemlech beréiert, dass dir mir esou vill Vertrauen entgéintbruecht hutt.

Merci, dass dir gewaart hutt
Merci, dass dir un mech geduecht hutt
Merci fir all eenzelt léift Wuert
Merci fir äert Vertrauen
A Merci, dass dir nach ëmmer do sidd 🩷

Ech sinn vu ganzem Häerz frou, erëm do ze sinn.
Bei iech. Fir iech. An mat iech. 🥰✂️❤️

Ärt Priscilla 🫶🏻
Priscilla Hair-Lounge 🩷

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Priscilla Hair-Lounge publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

S’abonner

Nous vous informerons de toute nouveauté à Hagen.