MY CUT
My Cut ass eng jonk dyamesch an kompetent Équip. Durch regelmeisseg Formatiounen an emmer erem loscht neies ze leieren, komme mir aere wënsch ganz no.
Waat mir alles proposeieren; Invisiblebeadextension Coupe modern/klasseg fir damen, heren an kanner. glaat brushingen, brushingen mat volumen oder gewellt, permanenten, mèchen (fir reng mèchen sid dir bei eis genau richteg), balayage, firwen, épilatioun/coloratioun vun den aapenhoer, maquillage. An ganz nai bei MY CUT den LISSAGE BRESILIEN. Fir weider informatiounen ruft un um nummer 26 56 10 75. Mir freen eis op irch :))
03/10/2026
✨ 15 JOER MY CUT ✨
Haut viru genee 15 Joer, den 3. Oktober 2011, hunn ech meng alleréischt Cliente bei My Cut bedéngt. ✂️❤️
Wann ech haut zeréckkucken, ass et schwéier a Wierder ze faassen, wat an dëse 15 Joer alles geschitt ass. Sou vill Aarbecht, sou vill Verännerungen, Héichten an Déiften, onvergiesslech Momenter an virun allem ganz vill Leidenschaft. 🥹
Aus engem Dram ass iwwer d’Joren dat ginn, wat My Cut haut ass – an dorop sinn ech onheemlech houfreg. ❤️
Mee haut wëll ech virun allem MERCI soen.
❤️ Mengem Papp, deen zënter dem alleréischten Dag fir keng Aarbecht ze schued war. Egal wat am Salon ze maachen, ze reparéieren, ëmzebauen oder ze léise war – du waars a bass ëmmer do. Ouni dech géif dëse Salon haut net esou do stoen a funktionéieren, wéi en et mécht. Papa, dëse Succès ass och däin. Merci fir alles! ❤️
❤️ Mengem Schwoer, mengem Papp seng riets Hand, deen ëmmer mat upaakt an do ass, wann mir hien brauchen. Et ass net selbstverständlech, ëmmer op esou eng Ënnerstëtzung kënnen ze zielen. Merci!
❤️ Mengem Mann, dee säit all deene Joren hannert mir steet, mech ënnerstëtzt, mir de Réck fräihält an och déi Momenter matdréit, an deenen de Salon vill vu mir verlaangt. Merci, datt s du ëmmer u mech gleefs a mäi Wee mat mir gees. ❤️
E grousse Merci och u meng Ekipp, un all déi, déi an de leschte 15 Joer en Deel vu My Cut waren, an un all Mënsch, deen op iergendeng Manéier dozou bäigedroen huet, datt de Salon haut dat ass, wat en ass. 🫶
An natierlech MERCI un eis Clienten. ❤️
Ouni äert Vertrauen, är Loyalitéit an är Ënnerstëtzung géif et dës Geschicht net ginn. E puer vun iech begleede mech schonn zënter ganz ville Joren – an dat bedeit mir méi, wéi ech a Wierder ausdrécke kann.
Haut feiere mir 15 Joer My Cut. 🥂🎂
15 Joer Aarbecht.
15 Joer Leidenschaft.
15 Joer Erënnerungen.
15 Joer voller Mënschen, déi dës Geschicht matgeschriwwen hunn.
An ech hoffen, datt nach ganz vill Joren dobäi kommen. 🥰
Vun Häerzen: MERCI! ❤️
Jessica & d’My Cut Ekipp ✂️
Pose d’extensions invisibles au Luxembourg
✨ Extensions A.M.I.E™ fraîchement posées 🤍
Un résultat invisible, naturel et confortable. Parce que chaque chevelure mérite d’être sublimée. ✨
Envie d’un changement ou plus de confiance en vous?
📩 Pour un devis personnalisé, envoyez-nous un message privé.
La magie des extensions 🪄
The A.M.I.E method is the most gentle and natural extensions
Notifications
Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque MY CUT publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.
S’abonner
Nous vous informerons de toute nouveauté à Rumelange.